Taucht an d’Ennerwaasserwelt mat eis am Sub Aqua Club Wiltz! Egal ob Erfuerene Taucher oder Ufänger, eise Verain bitt eng grouss Gemeinschaft fir jiddereen, deen d’Passioun fir d’Tauchen erliewen wëll.
Hues du eng Fro? Dann klick hei rechts op der Sait op den Chat-Button, do kennen mir dir schnell eng Äntwert ginn, oder kontaktéier eis iwwert folgend Kanäl:
Fir nei Memberen
✔ Gratis Schnuppertauchen
✔ Formatiounen fir all Niveauen
✔ Training a lokal Eventer
✔ Gemeinschaftsgeescht & Sécherheet
Fir Taucher mat Brevet
✔ Internen Bereich mat Kalenner
✔ Formatiounen fir all Niveauen
✔ Training a lokal Eventer
✔ Gemeinschaftsgeescht & Sécherheet
Firwat Member am Verain ginn?
Am Sub Aqua Club Wiltz si mir méi wéi nëmmen een Tauchclub. Mir sinn eng Gemeinschaft, déi sech engagéiert fir d’Tauchen bezuelbar ze maachen, wärend mir héich Standarden u Formatioun a Sécherheet halen. Eis Bedeelegung un lokalen Evenementer stäerkt net nëmmen eis en Teamgeescht, mee erlaabt eis och, genschteg Tauchméiglechkeeten unzebidden. Kommt a sidd Deel vun eiser wuessenden Team, maacht nei Frëndschaften a deelt onvergiesslech Momenter, souwuel ënner Waasser wéi um Land. Dir kennt bei eis den Tauchsport mat ärer ganzer Famill ausüben. Tauchen ass keen Individualsport, bei eis gëtt den Teamgeescht, Kollegialitéit an géigensäitegen Respekt grouss geschriwwen.
Bereet mat eis an d’Ennerwaasserwelt eranzetauchen? Entdeck eis Webseit fir mei iwwert eis Aktivitéiten gewuer ze gin. Du fenns parallel awer och vill Informatiounen op eisen „Social Media“ Kanäl, klick emol einfach dei verschidden Kanäl un, an abonnéier dain Verain fir emmer um aktuellen Stand ze bleiwen!
Waat soen eis Vereinsmemberen?
Hei fenns du Rezenziounen vun Taucher dei bei eis schon eng Formatioun gemaach hun.

Du hues nach Froen? Keen Thema, schreiw eis einfach eng Mail an mir äntweren sou séier wei et méiglech ass! Alternativ kanns du eis och iwwert Facebook kontakteiren. Oder kuck eng Kéier an eis Rubrik F.A.Q vun den heefegst gestallten Froen.
Waat bidden mir eisen Clubsmemberen un?
- Gratis Schnuppertauchen: Eng éischt Erfarung mam Tauchen, gratis fir Interesséierter.
- Ausbildung no internationalen Standarden: Mir bilden no de weltwäit unerkannten Standarde vun CMAS, SDI, TDI, FRTI an DAN (Divers Alert Network) aus.
- Referral Ausbildung mat SDI: Theorie a Pooltraining hei, Freiwaassertauchgäng op enger vun de weltwäite SDI Tauchbasen.
- Regelméissegen Training an der Schwämm iwwert den Wanter: Training mat Tauchfläsch an och Konditiounstraining an der Schwämm zu Woltz an Kietscht (Koetschette).
- Jonk Taucher ënnerstëtzen: Mir leeën e grousse Wäert op d’Ënnerstëtzung vun eise jonke Memberen, mat spezielle Programmer fir Kanner an Jugendlecher, a speziellen Aktivitéiten fir sie:
- Kannertauchen: Fir Kanner ab 10 Joer.
- Jugendtauchen: Fir Jonker vun 14 bis 17 Joer.
- Regelméisseg Tauchgäng am Stauséi: Zu Lëltz, Ensber, Léifreg, Béiwen, a méi.
- Tauchgäng an der Groussregioun: Regelméisseg Aktivitéiten an der Regioun.
- Veraïnsvakanzen: Organiséiert Tauchvakanzen fir eis Memberen.
- Teamgeescht an Zesummenhalt: Bei eis bass du Deel vun enger Gemeinschaft vu Tauchfanatiker. Léier nei Frënn kennen a genéiss et d’Waasserwelt zesummen an enger Equipe ze entdecken.
- Séchert a Strukturéiert Léierëmfeld: Profitéier vun enger strukturéierter Ausbildung mat erfuerenen Moniteuren, déi Sécherheet an Spaass garantéieren.
- Käschtegënschteg Tauchméiglechkeeten: Dank eisen lokalen Aktivitéiten hale mir d’Memberskäschten niddereg an d’Trainingsmeiglechkeeten bezuelbar, fir Tauchen fir jiddereen zougänglech ze maachen.
- Aktivitéiten an Traininge kënnen iwwer eisen internen Beraich onkomplizéiert reservéiert ginn.
- Tauchmaterial fir Ausbildung: Eis Memberen kënnen op Ausrüstung fir d’Ausbildung zeréckgräifen.
- Veräinslokal zu Wooltz: Eise Club huet e Lokale vun der Gemeng Wooltz fir d’Stockage an den Entretien vum Material, mat enger Kompressoranlag, an och fir Theoriecoursen.
- Kompressoranlag fir Pressloft an Nitrox: Bauer Poseidon 250 mat Pufferspeicheranlag, Nitroxfëllungen (Stickmethode, Partialdrockmethod), an eenzegarteg e Lëtzebuerg esouguer Trimix fir zertifizéiert Taucher.
- Technëscht Tauchen: Zanter 5 Joer (2020) bidden mir eng speziell Sektioun fir technëscht Tauchen un, mat Formatiounen wéi TDI – Intro to Tech an Advanced Nitrox bis hin zum Decompression Procedures Cours. An eisem technischen Team hun mir och aktiv Trimix- an Höhlentaucher.
- Höhlentauchen: Zanter 2024 hun mir och eng eegen mei kleng Sektioun fir Höhlentauchen.
- Weiderbildung a Life Long Learning! Mir encouragéieren all eis Memberen, hir Fäegkeeten weider auszebauen, mat speziellen a fortgeschrattenen Ausbildungen!
- Tauchtheorie als E-Learning: Fir eis SDI/TDI Formatiounen.
- Sëcherheetsausbildung: Formatiounen am Beräich Sécherheet mat DAN Europe (Oxygen Provider, Basic First Aid, AED,…) an First Response Training International.
- Divemasterausbildung: Ausbildung vun „Pro“ Level, erfahren Taucher dei d’Instruktoren d’ennerstëtzen an selwer TG guidéiren kennen, vum Sporttaucher bis hin zum technical Divemaster.
- Instruktorenausbildung: Ausbildung fir Instruktoren an Assistant Instruktoren.
- 1. Hëllef Ausbildung fir Moniteuren: Formatioun vun 1. Hëllef Instruktoren iwwert FRTI.
- Access zu héichwäertegem Material: Profitéier vun qualitativ héichwäertegem Tauchmaterial um letzten Stand vun der Technik.
- Ëmweltbewosstsinn: Engagéiert dech mat eis fir de Schutz vun der Ëmwelt an hellef eis mat eisem Projet Baseline Uppersure Lake den Wiessel an der Ennerwaaserwelt ze dokumentéiren!
- Réépreuve vun Tauchfläschen: Organisatioun an Ënnerhalt vun Tauchfläschen.
- Exklusiv Virdeeler fir Memberen: Profitéiert vun exklusive Virdeeler, Reduktiounen bei lokalen Tauchgeschäfter.