1. Cotisatioun

 

Cotisatioun déi all Joer ze bezuelen ass fir Clubmemberen folgend:

 

Taucher 60€

2ten Taucher (aus dem selwechten Stot) 40 €

Flossenschwëmmer 30 €

Éirenmember 30 €

 

Kontosnummer ass IBAN LU37 1111 0407 1067 0000 

(BIC : CCPLLULL)

 

D'Cotisatioun ass all Joer bis spéitstens den 31.12 fir déi lafend Saison (Sept.- August) ze bezuelen.

 

Aschreiwungen fir Brevet'en

D'Präisser vun den Brevet'en fannt dir an eiser Rubrik "Ausbildung".

Den Präis vum Brevet ass am Ufank vun der Ausbildung zesummen mat der Cotisatioun ze iwwerweisen.

 

Am Präis vun der Cotisatioun ass Folgendes abegraff:

  • Entrée vun der Schwämm an Schwämmstrainingen
  • Participatioun bei den verschiddenen Aktivitéiten (ausser zousätzlech Käschten)
  • Entrée fir Training an der Fosse vun der Piscine Olympique um Kierchbierg
  • Benotzen vum Vestiaire ze Lëltz (ferme Wealer)
  • Lizenz Flassa (an domat och verschidden Assurancen...)
  • Fläschenfellen um Clubskompressor
  • Nitroxfëllungen
  • Ausleinen vun Matériel (prioriteit hunn dei Leit dei een Brevet maachen)
  • an villes méi

 

Tauchgäng am Ausland, z.b. an den verschiddenen Indoor Divezentren, an an villen Carrièren mussen jeeweils separat bezuelt ginn. Dëst gëtt ëmmer am Viraus ugekënnegt.

 

D'Netbezuelen vun der Cotisatioun kann Auschléissen vum Member bedeiten an Participatioun un Aktivitéiten kann refuséiert ginn.

Laut den Stauten verléiert den Member vum Comité duerch Nekbezuelen seng Funktioun. (Art 9 Statuts SACW.asbl)

 

2. Den Médico 

 

All Taucher muss sech reegelméisseg engem Check vum Dokter ënnerzéien!!!

 

Firwat eng reegelméisseg Tauchfähigkeetsënnersichung maachen?

 

Tauchen ass keen Sport wei een aneren. Beim Tauchen ass eisen Kierper verschiddensten Belaaschtungen ausgesat an et wierken aner physikalesch Gesetzer op eisen Kierper. Dofir ass et wichteg sech reegelméisseg ënnersichen ze loossen.

 

Et ginn puer Méiglechkeeten:

 

2.1. Hausdokter

Dir kennt Iech bei Ärem Vertrauensdokter ënnersichen loossen. An deem Fall ass den Certificat Médical zesummen mam Dokter auszefëllen. Dësen Certificat ass gülteg dat Joer wou en ausgestallt gouf, an dat Joer drop.

 

2.2. Médico-Sportif

Dir kennt awer och an engem vun den Médico Zentren vum Sportsministère een RDV huelen.

http://www.sport.public.lu/fr/medico-sportif/centres-examen/index.html

An deem Fall kritt Federatioun direkt vum Sportdokter den Avis op dir tauchfähig sidd oder net. d'Gültegkeet vum Sportsmedico hänkt vum Alter vum Sportler of. Et kann sidd, dass dir een Belaaschtungs-EKG maachen musst. Frot Iech ären RDV mat Zäit un well d'Waardenlëschten sinn relativ laang.

 

 

Egal fir wei een Wee dir Iech decideiert, dir musst den Zertifikat bis spéitstens den 31 Januar vum Joer eragin. Wann dir eréischt méi spéit am Club een Brevet maacht, dann musst dir dat sou séier wei méiglech maachen.

 

Schéckt ären Attest (et ass obligatoresch den Virdrock vun eiser Federatioun ze benotzen (Formulaire Flassa))

 

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

(oder gitt en perséinlech of beim Margrève Alain)

(Tipp: Am beschten dir scannt en an, dann kennt dir d'Original haalen fir an enger Tauchvakanz op der Basis ze presentéiren.)

 

3. D'Lizenz

 

D'Lizenz vun der FLASSA (Fédération Luxembourgeoise des Activités et Sports Sub- Aquatiques) gëtt un déi Memberen vum Club ausgestallt, déi een Certificat Medical ofgnin hunn an dei d'Cotisatioun bezuelt hunn.  

 

 

D'Lizenz ass obligatoresch fir den Tauchsport am Kader vun der Flassa hei am Land nozegoen.

 

(Schwämmstrainingen, Brevets, Fosse POK,  Vestiaire Lultzhausen, ... )

 

 Ween eng gülteg Lizenz huet profitéiert och vun verschiddenen Assurancen vun der Flassa/Cosl.

 

  • Assurance contre les dommages subis par les véhicules automoteurs
  • Contrat Collectif d'assurance accidents et responsabilité civile.
  • Responsabilité civile (Dommages corporels & matériels) & Protection Juridique.
  • Participation aux frais de perte de revenu, d'honoraires de médecin, d'ordonnancespharmaceutiques, d'hospitalisation.

 

 

Méi Informatiounen hei zou fannt dir op www.flassa.lu.

 

Mir roden alleguer eisen Taucher eng zousätzlech Assurance bei eng vun den groussen Tauchassurancen ofzeschléissen, virun allem dann wann dir vill am Ausland taucht.

 

https://www.aqua-med.eu/en/

https://daneurope.org/web/guest/registration

 

 

       

© 2018 Sub Aqua CLub Wiltz