Tauchbrevet Flassa / Cmas 

 

Bei eis am Club kennt dir den Ëmgang mam Tauchequipment leieren. Dëst erlaabt Iech herno weltwäit déi wonnerbar Ennerwasserwelt ze entdecken. Eng gutt Ausbildung erlaabt Iech dono an den Vakanzen weltweit mat tauchen ze goen. Weem kaalt Waasser näischt ausmecht, kann awer och bei eis an der Géigend d’ganzt Joer iwwert flott Tauchgäng maachen.

Wann dir wellt ufänken mat Tauchen sidd dir bei eis am Club genee richteg. Mir hunn staatlech brevetéiert Moniteuren an och erfahren Taucher déi Iech gären Tauchen bäibréngen an Iech bei den éischten Schrëtt begleeden.

 

Schnuppertauchen

 

Ier et mat der Ausbildung zum eischten Tauchbrevet lass geet bidden mir Iech un een Schnuppertauchgang ze maachen. Den Schnuppertauchgang ass gratis.

Mir informeiren regelmeisseg op eiser Homepage wann mir Schnuppertauchen organiseiren. Dir kennt eis awer och gären eng indivuiduell Ufro schecken an dono kritt dir vun engem vun eisen Tauchmoniteuren een RDV fir Schnuppertauchen.

 

12974362_1068781089831461_5611265123132934793_n.jpg   18700428_1435791939797039_3937377454298745319_o.jpg   12977096_1068782116498025_256767554100487208_o.jpg   11232088_10208049870309838_9201961809059467958_o.jpg

 

Wann dir bis decideiert sidd een Tauchschain ze maachen, dann bidden mir Iech am Club alleguer Brevet vum Sporttauchen un, vum Ufänger bis zum erfahrenen Taucher:

 

 

 

FLASSA P1 / CMAS *

Den Brevet P1 / CMAS * erlaabt iech herno an Begleedung vun experimentéierten Taucher bis zu 20 Meter déif ze tauchen.

Preis: 150 Euro

Am Präis ass Ausléinen vun der Tauchfläsch, Weste, Détendeur, Neoprenkostüm (wann mir är Greisst hunn) Dokumentatioun an een Logbuch abegraff.

Bedingungen: 14 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter hun

Oflaf vum Cours:

Theorie 3 Owender (Material, Sécherheetsreegelen, Planung vun Tauchgäng…)
Schwämmstraining (all Übungen ginn lues an lues an der Schwämm geleiert)
Mind. 5 Tauchgäng am Stauséi (hei ginn d’Übungen déi mir den Wanter iwwer an der Schwämm geleiert hunn ugewannt)

Den detailléierten Oflaf fannt dir am Reglement Technique.

Wann dir Froen huet dann macht eis een Mail, mir äntweren gären op all Ufro.

 Eis nächst Formatioun wärt am Januar 2019 ugoen.

 

 

 

FLASSA P2 / CMAS **

Wann dir schon taucht an elo wëllt eegestänneg Tauchgäng duerchfeieren, bis zu enger Maximaldeift vun 40m, ass den Flassa P2/CMAS** Brevet genee richteg fir iech. Bei dësem Brevet leiert dir Kenntnisser an der Tauchgangsplanung, Secherheetsübungen, Theorie an Ëmgang mat Tauchtafeln.

Preis: 200 Euro

Am Präis ass Ausléinen vun der Tauchfläsch, Weste, Détendeur, Dokumentatioun an eng Tauchtafel MN90 abegraff.

Bedingungen:     15 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter

 Een CMAS * Brevet (oder een äquivalenten Brevet) hunn an mindestens 20 Tauchgäng absolvéiert hunn

 Oflaf vum Cours

Theorie 4 Owender (Material, Sécherheetsreegelen, Planung vun Tauchgäng, Physik…)

 Schwämmstraining (all Übungen ginn lues an lues an der Schwämm resp. Fosse geleiert)

 Tauchgäng am Stauséi (hei ginn d’Übungen déi mir den Wanter iwwer an der Schwämm/Fosse geleiert hunn ugewannt)

Den detailléierten Oflaf fannt dir am Reglement Technique.

 

 

 

 

FLASSA P3 / CMAS *** 

Wann dir well mei lang taucht an mei Verantwortung wellt iwwerhuelen an deems dir Tauchgruppen leeden wellt, ass desen Brevet genee deen richtegen.

Theorie an Praxis ginn am Prinzip vun eiser Tauchfédération organiséiert. Wann dir un dësem Brevet interesséiert sidd, dann mellt Iech bei engem vun eisen Moniteuren vum Club, dann informéieren mir Iech iwwert déi nächst Sessioun.

Den Präis entsprécht den tatsächlechen Frais'en déi ufaalen. Fir den Brevet froen mir naischt, well dei zukünfteg P3 Taucher dem Club aktiv bei der Ausbildung hellefen kennen / sollen.

 

 

 

Nitrox Brevet (N1)

Wann dir schonn een Tauchbrevet huet an vill taucht an Dekompressionspausen reduzéieren wëllt oder einfach méi Sécherheet am Tauchen sicht, ass den Nitrox Brevet interessant.

Präis: 80 Euro 

(2 Owenter Theorie an Tauchgäng wou dir den praktische Emgang mam Material kennen leiert)

Am Präis ass Dokumentatioun an Nitroxfläschenfellung abegraff.

 

 

 

Nitrox Brevet (N2)

Wann dir schonn een Tauchbrevet (mind. P2) an Nitroxbrevet huet an vill taucht an Dekompressionspausen reduzéieren wëllt an mat Sauerstoffgemescher teschent 22-100% Tauchen wellt, dann leiert dir bei desem Brevet op waat et ukennt!

Präis: 100 Euro

(2 Owenter Theorie an Tauchgäng wou dir den praktischen Emgang mam Material kennen leiert)

Am Präis ass Dokumentatioun an Nitroxfläschenfellung (resp. Sauerstoff) abegraff.

 

 

 

DSCN6221 (2).jpg 

      

   

Mir bidden och regelmeisseg weider Formatiounen un, dei fir Clubsmemberen naischt kaschten:

 z.B. Refresh Cours wann ee länger nek tauchen war, Emgang mam Drechenkostüm, Stage-handling, Dekompressionstauchgäng, Revision vun Tauchfläschen, etc...

 

Hei drenner fannt dir puer Informationen iwwert eis Moniteuren resp. iwwert puer vun den erfahensten Taucher aus dem Club

Encadrants

    • CMAS ** Instructor / M2 (Brevet d'Etat B)
    • Advanced Nitrox Instructor / N4
    • CCR Revo Brevet (diluent Air) FLNS Lifesaver / Plongeur Autonome ASS

    Ech hun 1999 mein eischten Tauchschain am Sub Aqua Club Woltz gemeet an sinn seitdem am Club. Seit 2013 sinn ech selwer Moniteur an kemmeren mech em d'Ausbildung am Club.  Niewend dem Sporttauchen sinn ech och nach Rettungstaucher am Gruppe Hommes Grenouilles vun der Administration des Secours. Ech tauchen well et fir mech eng vun den eenzegen Sportarten ass wou een am Aklang mat der Natur kann ganz nei Welten entdecken. alain2

    Margreve Alain
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • FLNS Lifesaver

    Ech tauchen seit 2013 an sinn seitdem am SACW.  Seit 2018 sin ech Vize-Präsident vum Klub an ech hunn elo och eng Ausbildung zum Moniteur ugefong an hellefen bei der Ausbildung am Club. Ech tauchen well d`Ennerwaasserwelt mech emmer erem faszineiert, an well ech beim Tauchen gudd vum Alldaag oofschalten kann.
    pereira

    Pereira David
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • FLNS Lifesaver

    Ech sin de Pascal an tauchen zanter 2008. Ech hunn zum Tauchen fonnt fir Konzentration, Rouh an Spass ze fannen, Tauchen gëtt mir vill Entspannung an Zefriddenheet. Ech sin P3-Taucher zanter 2014 an Rettungsschwemmer.
    pascal

    Pascal Mantz
    • CMAS *** Instructor / M3 (Brevet d’Etat A)
    • Advanced Nitrox Instructor / N4
    • CCR Revo Brevet (diluent Air) Sauveteur Aquatique / Chef de Plongée ASS

    Den Mike  ass seit 2011 am SACW.  Den Mike ass Moniteur an seit 2011 och am SACW aktiv bei der Ausbildung dobei.
    hetto mike

    Hetto Mike
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • Sauveteur Aquatique / Plongeur Autonome ASS

    Den Sam helleft bei der Ausbildung am Club. Den Sam huet 2017 eng Ausbildung zum Moniteur bei der Administrations des Services de Secours ugefong.

    Foto Sam HG

    Djennas Sam
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher, an Guide Palanquée FFESSM
    • Sauveteur Aquatique / Plongeur Autonome ASS

    Ech tauchen well ech dobei entspannen kann an ech geneissen dei flott Ennerwaasserwelt.
    jerry

    Mildenberger Jerry
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • Sauveteur Aquatique

    Den Pascal huet 2013 sein eischten Tauchbrevet bei eis am Club gemeet an ass seitdem als Taucher aktiv. Seit 2017 ass heen P3 Taucher an helleft bei der Ausbildung am Club. Den Pascal ass och am Comité vum Club als Trésorier responsabel fir Gestioun vun den Finanzen.
    pascal w

    Pascal Wealer
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • FLNS Lifesaver

    Den Martin huet 2013 sein eischten Tauchbrevet bei eis am Club gemeet an ass seitdem als Taucher aktiv. Seit 2018 ass heen P3 Taucher an helleft bei der Ausbildung am Club. Den Martin ass och am Comité vum Club an responsabel fir d’Clubsartikelen (Tshirts, asw)  
    martin

    Kerschen Martin
    • CMAS *** /  P3  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • FLNS Lifesaver

    Den Romain huet 2013 sein eischten Tauchbrevet bei eis am Club gemeet an ass seitdem als Taucher aktiv. Seit 2018 ass heen P3 Taucher an helleft bei der Ausbildung am Club. Den Romain ass och am Comité vum Club als Webmaster aktiv.
    romain

    Margreve Romain
    • CMAS **** /  P4  Taucher
    • Advanced Nitrox N2 Taucher
    • Sauveteur Aquatique

    Ech sin de Romain an tauchen zanter 2008. Ech hun zum Tauchen font fir Konzentration, Roue an Spass ze fannen, Tauchen gëtt mir vill Entspannung an Zefriddenheet. Ech sin P3-Taucher zanter 2014 an Rettungsschwemmer.
    no one

    Thiel Romain
    • Protec Course Director
    • Advanced Nitrox Instructor
    • Rebreather Instructor
    • Trimix Gas Blender Instructor

    Ech tauchen zanter 1995 als Hobby and elo och zanter 2014 beruflech, main eischten Brevet hun ech am Abrell 1996 gemaach. Duerno getaucht a getaucht an weider Formatiounen gemaach. +- 3000 Tauchgäng
    steve

    Koch Steve

© 2018 Sub Aqua CLub Wiltz